De fréiere SREL-Mataarbechter kritt keng Disziplinarprozedur gemaach, dat confirméiert d'Staatssekretärin am Ministère fir déi bannescht Sécherheet.

De Roger Mandé war jo de Chauffeur vum Jean-Claude Juncker, ier e bei de SREL komm ass. Méi spéit gouf hien als Agent de Liaison bei der NATO zu Bréissel detachéiert.

D’Staatssekretärin Francine Closener sot, datt d'Enquête-Commissioun vun der Chamber esou eng Prozedur fir den Här Mandé ugefrot hat. Den zoustännege Regierungscommissaire wier awer zur Conclusioun komm, datt de Roger Mandé zwar e puer Joer bei de SREL detachéiert war, awer als Member vun der Police. Domadder géif hien ënnert ee Spezialdisziplinsgesetz vun der Force publique falen. An engem Bréif vum deemolegen Inneministère un de Justizministère ass den Dossier ouni penal Suitte klasséiert ginn. Duerno gouf de Generaldirekter vun der Police mat der Enquête chargéiert. Faute d'éléments koum derbäi näischt eraus. Aus deem Gronn ass eng Diszplinarprozedur net méiglech.

De Roger Mandé gouf op den éischten Dezember 2013 an d’Policedirektioun versat, an de Service Armurerie. Hien huet awer viru kuerzem ee Congé sans Traitement aus familiäre Grënn ugefrot, deen den éischte Mee soll ulafen.

Wat de fréiere SREL-Mataarbechter André Kemmer ugeet, ass deen nach ëmmer suspendéiert. Géint hie leeft jo eng Enquête judiciaire a sou laang gëtt och keng Disciplinarprozedur lancéiert.