Zänn (Zännfee, de Karius an de Baktus)
- Zip
Products in this Bundle (2)
Description
E bëssi méi e groussen Dossier iwwer d'Mëllechzänn vum Kand. Hei gi Froen beäntwert wéi zum Beispill: Wéi vill Zänn huet e Kand, wéi heeschen se, wéi botzen ech meng Zänn, wat ass gesond fir d'Zänn.
Dobäi fannt dir Fichen fir an der Klass oder Doheem ze schaffen an:
1 Referenziell iwwer gesond a manner gesond Zänn
1 Referenziell fir d'Zänn ze wäschen
1 Referenziell fir ze kucken wat gesond fir d'Zänn ass
+
E klengen Dossier passend zu der Geschicht vum Karius a Baktus. Eng norwegesch Geschicht déi a ville Länner bekannt ass. Se baséiert op engem ale Poppefilm aus dem Joer 1954 den d'Kanner zum Zännwäschen animéiere soll.
D'Buch huet den Thorbjorn Egner 1949 geschriwwen ënnert der Regie vum Ivo Caprino
- verschidden Aufgabeblieder
- Blieder fir ze plastifizéieren datt d'Kanner de Kanner op de Biller d'Zänn kënne propper maache
- 1 Blat fir op eng Këscht ze pechen fir Iessen an de Mond ze fidderen
Falls dir méi spezifesch iwwer Zänn schwätze wéilt géing ech dësen Dossier mat deem vun den "Zänn" a mengem Shop kombinéieren.
Vill Spaass
LG & Merci datt dir dësen Dossier net deelt
faby j.